De britteschen DJ a Produzent ass zréck mat enger neier Single.

Fakten:
De britteschen DJ-Duo ass Fan vun der westafrikanescher Sängerin Fatoumata Diawara. Di malesch Singer-Songwriterin war schonn um Disclosure-Track "Ultimatum" ze héieren. Well ee sech sou gutt versteet, koum et zu enger weiderer Zesummenaarbecht. Di nei Kollaboratioun heescht "Douha (Mali Mali)" an ass ee Virgeschmaach op deen nächsten Disclosure-Album, deen Enn August eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Disclosure hunn op dësem Lidd an enger Sprooch geschafft déi si selwer net verstinn. Wéi den Track fäerdeg war, hu si beim Fatoumata nogefrot, wat de Songtext bedeit. Elo wëssen si et: "Douha (Mali Mali)" ass eng Aart Libeserklärung un de Mali an d'Mënschen, déi do liewen. D'Fatoumata zelebréiert am Track ënner anerem d'Fussballkultur an d'Philosophie vum Mali.

Fréier Hits:
Di zwee Bridder Guy an Howard Lawrence kennt ee fir House, Garage an Elektro-Pop. Hiren éischte groussen Erfolleg hate si 2012 mam Song "Latch" mam Soulsänger Sam Smith. Een Top 40 Hit an England.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris , Route 94, Years&Years

 

Lauschtert eran