D'Alicia Keys an de Khalid hunn eng nei Kollaboratioun erausbruecht!

Fakten:
No "Perfect Way To Die" huet d'Alicia Keys eng weider Single-Auskopplung aus sengem neien a 7. Album "ALICIA" released, deen elo schlussendlech am Hierscht erauskomme soll. "So Done" ass en immens gefillvollen R&B-Song an ass zesumme mam amerikanesche Singer-Songwriter Khalid entstanen. An de Lyrics geet et dorëms, datt ee sech net fir aner Leit veränneren a sech selwer trei bleiwe soll.

Aussergewéinleches:
2020 sollt fir d'Alicia Keys eigentlech e grousst Joer ginn: Biographie, neien Album & Welt-Tournée. Dat Eenzegt wat geklappt huet war de Release vu senger Biographie "More Myself: A Journey". Fir de Rescht huet de Coronavirus dem Alicia Keys e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. De Release vu sengem 7. Longplayer "Alicia" huet misse verréckelt ginn an d'Welt-Tournée gouf ofgesot. Den 11. Juli hätt d'Musekerin och sollte bei eis op Lëtzebuerg an d'Rockhal kommen - et wier sécherlech ee vun den Highlights am Concertsjoer 2020 gewiescht. Glécklecherweis gouf awer elo en neien Datum fonnt, deemno kënnt d'Alicia de 16. Juli 2021 bei eis an de Grand-Duché.

Fréier Hits:
Direkt mat sengem Debut-Album "American Teen" a virun allem duerch d'Single "Location" konnt de Khalid international Bekanntheet erreechen. Duerno koume grouss Erfolleger ewéi zum Beispill "Silence" mam Marshmello oder "Beautiful People" mam Ed Sheeran. D'Alicia Keys hat am Teenager-Alter mat der Single "Fallin'" den Duerchbroch gepackt. Haut huet d'Sängerin ënnert anerem scho 15 Grammys gewonnen.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir dech:
Joss Stone, Beyoncé & Adele

Lauschtert eran!