De Felix Jaehn ass zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
A senger neier Single "No Therapy" krut de Felix Jaehn Ënnerstëtzung vun der Schwedin Nea a vum brittesche Singer-Songwriter Bryn Christopher. Am Lidd geet et dorëms, sech selwer esou ze akzeptéieren ewéi een ass a seng Matmënsche bei deem Plang och ënnert d'Äerm ze gräifen. Esouwuel de Felix Jaehn ewéi och de Bryn Christopher sinn iwweregens houfreg Membere vun der LGBTQIA+-Community an hoffen, datt hire positive Message kuerz nom Pride-Month méiglechst vill Mënschen erreecht.

Aussergewéinleches:
"No Therapy" ass net déi éischt Kollaboratioun vun deenen 3 Kënschtler. De Jaehn hat ufanks des Jores scho beim Remix vum Nea sengem "Some Say" mat der Sängerin zesummegeschafft. De Christopher war deemools als Co-Auteur bedeelegt.

Fréier Hits:
Als Solo-Kënschtler hat de Bryn Christopher nach net esou vill Succès, als Songwriter huet hien awer schonn ënnert anerem um Sigala sengem "Sweet Lovin'" matgewierkt. D'Nea hat an der lescht mat "Some Say" groussen Erfolleg, enger Cover-Versioun vum Eiffel-65-Klassiker "Blue".

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Robin Schulz, Lost Frequencies, Alle Farben & VIZE

Lauschtert eran!