London Grammar sinn zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
"Baby It's You" ass deen éischte Release vu London Grammar zanter dem Track "Let You Know", deen d'lescht Joer am Juni zesumme mam Flume erauskomm war. Awer och schonn do virdrun war et eng länger Zäit roueg ëm déi brittesch Indie-Band. Deen neien Track ass e Love-Song, op deem dem Hannah Reid seng markant an douce Stëmm voll zur Geltung kënnt. Dee sphäreschen an dezenten Elektro-Club-Sound gouf produzéiert vum George Fitzgerald, deen och scho mat Acts ewéi de Foals oder dem Moby zesummegeschafft hat. Ob "Baby It's You" eventuell Deel vun engem neien Album wäert sinn, ass bis elo nach net gewosst.

Aussergewéinleches:
Den Trio London Grammar gouf 2009 vum Hannah Reid an dem Gittarist Dan Rothman zu Nottingham gegrënnt. Ufanks ass d'Grupp ausschliisslech als Cover-Band opgetrueden. Ewéi ee Joer duerno awer den Drummer Dominic "Dot" Major bei d'Formatioun gestouss ass, hu si och ugefaangen eege Lidder ze schreiwen. Och haut interpretéiere London Grammar awer nach ëmmer gäre besteeënd Lidder nei. Op hirem leschten Album "Truth Is A Beautiful Thing" war zum Beispill eng Cover-Versioun vum The-Verve-Klassiker "Bitter Sweet Symphony" mat drop.

Fréier Hits:
2012 hu London Grammar hir Debut-Single "Hey Now" erausbruecht. Am Joer drop koumen dunn déi éischt EP "Metal & Dust" an den Debut-Album "If You Wait". Mat "Wasting My Young Years" haten déi dräi Museker fir déi éischte Kéier de Sprong an d'UK-Singles-Charts gepackt.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Freya Ridings, The xx, & Florence + The Machine

Lauschtert eran!