Déi neiséilännesch Kënschtlerin Benee ass zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
Nom Erfolleg mat "Supalonely" huet d'Benee elo en neie Song mam Titel "Snail" erausbruecht. E Lidd, dat fir d'Benee eng Aart Lockdown-Hymne ginn ass, déi seng Laun ëmmer da rett, wann et him emol eng Kéier net esou gutt goe sollt. D'Melodie vu Snail ass am Gaming-Style gehalen an och de Video vum Song weist eng verpixelt 3D-Animatioun am 90er-Stil. An och fir beim Nolauschterer verbreet "Snail" good Vibes an Optimismus.

Aussergewéinleches:
"Snail" gouf inspiréiert vum Benee senger Faszinatioun fir Schleeken, déi hatt schonn ëmmer hat. Generell huet d'Kënschtlerin e puer skurril Ugewunnechten a Virléiften. D'Benee huet den Numm "Steve" zum Beispill esou gär, datt hatt net nëmme säin Auto, mee och all Objet oder Déier esou nennt.

Fréier Hits:
Eigentlech wollt d'Benee Kommunikatiounswëssenschaften op der Auckland University of Technology studéieren, no just zwou Wochen huet d'Neiséilännerin de Studium awer schonn erëm ofgebrach fir Musekerin ze ginn. Nom Release vu sengen zwou éischten EPs "Fire On Marzz" a "Stella & Steve" koum dunn de groussen Duerchbroch mam Track "Supalonely" zesumme mam Gus Dapperton, deen op TikTok viral gaangen ass an dem Benee säin éischte Welt-Hit sollt ginn.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Lauv, Doja Cat & Dominic Fike

Lauschtert eran!