Clean Bandit sinn zeréck mat hirer éischter neier Single zanter Enn 2018!

Fakten:
Op "Tick Tock" leeft d'Zäit net fir Clean Bandit, mee géint si! Den Track handelt nämlech dovun, datt all Minutt ouni den Ex-Partner sech ewéi verschenkte Liewenszäit ufillt, well een einfach déi ganzen Zäit un hien denke muss a verlaangert - obwuel een eigentlech weess, datt et eriwwer ass. D'Vocals fir de Song liwwert d'Mabel, eng laangjäreg a gutt Frëndin vun der Band. Och de Rapper 24kGoldn huet e puer Zeilen op "Tick Tock" bäigesteiert.

Aussergewéinleches:
Ewéi déi meescht aner KënschtlerInnen hu Clean Bandit wärend der Corona-Kris op de Groussdeel vun hirem Beruff misse verzichten. Am Géigesaz zu ganz ville vun hire Kolleegen hunn d'Grace Chatto, de Luke an den Jack Patterson d'Quarantän awer begréisst. D'Museker vu Clean Bandit hunn d'Zäit nämlech genotzt fir 20 Lidder fäerdeg ze stellen an auszeschaffen, déi si scho viru Corona ugefaangen haten.

Fréier Hits:
Clean Bandit sinn am Joer 2014 mat hirem Debut-Album "New Eyes" an dem Track "Rather Be" weltwäit bekannt ginn. D'Mabel huet mat sengem "Don't Call Me Up" direkt 2 BRIT-Awards gewonnen an hat och mat "God Is A Dancer" a "Boyfriend" grousse Succès.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Anne-Marie, Jess Glynn, Kiesza & Years And Years

Lauschtert eran!