"Never change a winning team!" - huet sech och den Topic geduecht!

Fakten:
Den däitsch-kroatesche Produzent Topic huet leschte Freide seng nei Single "Why Do You Lie To Me" erausbruecht. Nieft enger ganz gefillvoller Vocal-Performance vum schwedesche Singer-Songwriter A7S huet den Topic sech och den US-Rapper Lil Baby mat u Bord geholl.

Aussergewéinleches:
"Why Do You Lie To Me" louch eigentlech scho relativ laang um Topic sengem Schreifdësch, mee iergendeppes huet him ëmmer gefeelt. Ëm sou méi frou war hien iwwert d'Zesummenaarbecht mam Lil Baby, deen dem Song mat sengem Part dee leschte Schlëff gëtt. Am leschte Joer huet de Rapper sech mat iwwer 20 Millioune Streams zu deem meescht-gestreamste Kënschtler an Amerika entwéckelt.

Fréier Hits:
Den Topic a säi Partner in Crime den A7S hu sech mat der Single "Breaking Me" an e weltwäite Fokus katapultéiert. Nodeems en op TikTok viral gaange war, huet den Track et an etleche Länner ronderëm d'Welt bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz, Nico Santos & VIZE

Lauschtert eran!