Zwou First Ladies vu Pop, Jazz a Soul maachen fir di nei Single "Woman" gemeinsame Saach.

Fakten:
D'Nao an d'Lianne La Havas, zwee Staren vum R’n’B-Pop, hunn zesummen eng Single opgeholl. D'Stéck, dat offiziell vum Nao geschriwwe gouf, mat engem Feature vum Lianne La Havas, nennt sech "Woman" – a genee dorëms geet et."Woman" ass eng richteg Empowerment-Hymne ginn, déi vun duussen R'n'B-Tunes gedroe gëtt. Ob mam neie Lidd geschwënn och en neien Album vum Nao usteet, ass nach net kloer.

Aussergewéinleches:
Di zwou Sängerinne feieren op "Woman" d'Weiblechkeet: "If god is a woman on sunday imma worship us/take my mirror out the bag and fill it with confidence."

Fréier Hits
D'Nao war als Backgroundsängerin ënner anerem fir Kwabs an Jarvis Cocker aktiv an huet 6 Joer laang an der Girlgroup "The Boxettes" gesongen. Schliisslech huet hatt ugefaangen, eege Musek ze maachen. Fir de Release vu sengem Debütalbum huet hatt ee grousse Plackelabel fonnt.  Den Album mam Titel "For All We Know" ass op Plaz 17 vun de britteschen Albumcharts era geklommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mae Muller, Izzy Bizu,