De Calvin Harris ass zréck mam R&B-Song "Over Now" zesumme mat The Weeknd.

Fakten
No Kollaboratioune mam Dua Lipa ( "One Kiss",) Rihanna ("This Is What You Came For"), Ellie Goulding ("I Need Your Love") a villen aneren huet de Calvin Harris elo e weidert Lidd zesumme mat engem aneren Museker eraus bruecht. Elo huet de schottesche Produzent sech mat The Weeknd zesumme gedinn, dee mat Tracks wéi "Blinding Lights" oder "In Your Eyes" net méi ewech ze denken ass. Ween awer bei "Over Now" eng klassesch Pop-Hymne wéi "One Kiss" erwaart hat, gëtt iwwerrascht! Di nei Single ass een R&B-Song mat vill Synthesizer.

Aussergewéinleches
Den Adam Richard Wiles alias Calvin Harris huet sech scho fréi fir elektronesch Musek intresséiert. Am Joer 1999 huet hien éischt Demo'en opgeholl. Vu senger schottescher Heemecht aus huet hien op senger Myspace-Säit verschidde Solo-Songs gepoust. Am Laaf vun de Joeren krut hien vill Fans op der Social-Media-Plattform. Duerch seng Bekanntheet am Internet gouf och de Manager Mark Gillespie op hien opmierksam, deen de Calvin Harris doropshin ënner Kontrakt geholl huet.

Fréier Hits

Den Debut-Album "I Created Disco" ass 2006 eraus komm an huet et un d'Spëtzt vun de briteschen Dance-Charts gepackt. Säin 2. Studio-Album "Ready for the Weekend" ass op Plaz 1 vun de briteschen Album-Charts geklommen. Ee vu senge gréissten Hits war "One Kiss" zesumme mam Dua Lipa.
De kanadesche Museker The Weeknd kuckt zréck op 2 Grammyen, 8 Billboard Music Awards, 2 American Music Awards, 9 Juno Awards an eng Oscarnominéierung fir de Song "Earned It" aus dem Soundtrack vu "Fifty Shades of Grey". Seng Single "Starboy" huet et un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zedd, Bruno Mars, Frank Ocean