Tame Impala ass de Projet vum Kevin Parker. Seng Musek ass psychedelesch, huet awer och een däitlechen Dance-Pop-Touch.

Fakten:
Di nei Single staamt vum aktuellen Album "The Slow Rush", op deem de Kevin Parker alias Tame Impala sech vun enger perséinlecher Säit gewisen huet. Och wann "Is It True" danzbar kléngt: Am Text geet et ëm Onsécherheet an Angscht, wat d'Zukunft ugeet.

Aussergewéinleches:
De Kevin Parker mécht bei Tame Impala alles selwer. Hie schreift d'Lidder a spillt all eenzel Instrument selwer an.  Am Fall vun Tame Impala sinn dat: Gittar, Bass, Drums, an Elektro-Piano.

Fréier Hits: 
Mat hirem Debütalbum "Innerspeaker" hunn Tame Impala et 2010 direkt op Plaz 4 vun den australeschen Albumcharts gepackt. Och an Europa sinn si an d'Albumcharts komm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kasabian, Arcade Fire, Arctic Monkeys

Lauschtert eran