"Take You Dancing" ass dat neit Lidd vum Jason Derulo. Mam Lidd wëllt hien e bësse Luucht an déi méi düster Corona Zäit bréngen.

Fakten:

Déi nei Single ass dem Jason Derulo seng éischt Solo-Single vun dësem Joer. D'Lidd soll den Alldag a Coronazäite méi angeneem gestalten an d'Leit opmonteren. Och geet et am Lidd ëm Sex an, wei den Titel et scho verréit, luet de Song och zum danzen an.

Aussergewéinleches:
Wann ee sech d'Lidd ulauschtert, erkennt ee ganz kloer d'instrumentalesch Richtung. Vill funkeg ugehauchte Bass an dezent Synthie Elementer zéie sech duerch d'Single. Witzeg, wann ee bedenkt, dass den Jason Derulo u sech keen Instrument selwer spillt, ma als Kand awer Ballet gedanzt huet.

Fréier Hits:
Den Jason Derulo ass jo bekanntlech keen ongeschriwwent Blat. Mat Lidder wéi "Talk Dirty", "Wiggle", "Swalla" a sengem aktuellen Charthit "Savage Love" konnt hie scho Millioune vu Nolauschterer fir sech gewannen.
Intressant ass, dass och scho bei dëse Singele Sex eng grouss Roll gespillt huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sean Paul, Usher, Flo Rida

Lauschtert eran