"Echoes" ass een elektroneschen Dance- a Space-Pop-Song mat vill Club-Feeling. 

Fakten
De Marius Lauber huet fréier bei der Indie-Band Beat! Beat! Beat! gespillt, dono gouf hie mat sengem Solo-Elektroprojet Roosevelt international bekannt. Seng nei Single "Echoes" setzt op Disco-Vibes a Vintage-Sound. Am Songtext geet et ëm Erënnerungen un eng Persoun, déi een einfach net vergiesse kann. Nostalgie meets Dance-Pop. Di australesch Singer/Songwriterin Kat Frankie huet d'Backing Vocals fir "Echoes" agesongen. D'Kat Frankie war och um Album vum Casper a Marteria ze héieren.

Aussergewéinleches
Beim Marius Lauber alias Roosevelt ass et scho viru sengem Soloprojet gutt gelaf. Mat senger Band "Beat!Beat!Beat!" war hie ganz erfollegräich. No hirem Debüt-Album vun 2010 war allerdéngs Schluss.

Fréier Hits
Mat senger éischter EP "Elliot" aus dem Joer 2013 hu grouss Plattformen wéi Pitchfork de Sänger entdeckt. Mat sengem Debütalbum vun 2016 goufen och di däitsch Medien op hien opmierksam.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Empire of the Sun, Capital Cities

Lauschtert eran