No "Sunday Best" ass den Elektropop-Duo "Surfaces" zréck mat enger neier Single.

Fakten
Mat "Sundays Best" hate Surfaces ee perfekte Summerhit verëffentlecht. Elo sinn si zréck mat hirer neier Single "Sail Away".

Aussergewéinleches
Dësen amerikaneschen Elektropop-Duo gouf duerch d'Plattform Tiktok bekannt.

Fréier Hits
D'Lidd "Sunday Best" grad wéi de Video dozou si schonn Mëtt 2019 eraus komm. Richteg bekannt gouf de Song awer eréischt Ufank 2020, nodeems et massiv op TikTok gedeelt gouf. Säitdeem huet den Titel et a ville Länner an d'Charts gepackt, dorënner Australien, Kanada, Däitschland, UK an USA.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Doja Cat, Bazzi, Blackbear

Lauschtert eran