2 erfollegräich brittesch Kënschtler verëffentlechen zesummen den Titel "Lasting Lover"

Fakten
"Déi Melodie kennen ech dach!“ wäerten all déi Leit soen, déi "Time to pretend" vu MGMT nach am Ouer hunn. Well den DJ Sigala sampelt dësen Track a sengem neie Song "Lasting Lover". Ausser der Intro-Melodie erënnert awer net vill un de MGMT-Klassiker aus dem Joer 2007. D'Lidd war  ursprénglech als Ballade ausgeluecht. De Lewis Capaldi huet de Song geschriwwen an d'Lidd dunn dem Sigala iwwerlooss. Deen huet net just de MGMT-Sound mat agebaut, mee sech och nach de Sänger James Arthur als Stëmm mat an d'Boot geholl.

Aussergewéinleches:
Sigala ass de Kënschtlernumm vum londoner Museker Bruce Fielder. Mat 8 Joer huet hien Piano geléiert. Nom Abi huet hien a verschiddene Bands gespillt. Am Abrëll 2015 huet hien op Soundcloud d'Single "Easy Love" eraus bruecht, déi et op Plaz 1 vun de briteschen Charts gepackt huet.

Fréier Hits
De Bruce Fielder alias Sigala gouf 2015 europawäit bekannt wéi hien de Song "Easy Love" eraus breucht huet, ee Lidd wat op engem Sample vun "ABC" vun den Jackson Five aus dem Joer 1970 baséiert. Dono koum d'Single "Sweet Lovin'", déi och e groussen Hit gouf . Mat "Give Me Your Love" an "Came Here for Love" koumen weider Hitsingelen dobäi.

De Sänger a Songwriter James Arthur huet weltwäit 30 Millioune Placke verkaaft.  „Say You Won’t Let Go“ war ee weltwäiten Nummer-1-Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Jonas Jones, Bakermat