De britteschen DJ a Produzent ass zréck mat enger neier Single.

Fakten
De britteschen DJ a Produzent Joel Corry hat 2019 een éischten internationale Succès mam Titel "Sorry". Elo ass hien zréck mat senger neier Single "Head & Heart"- eng Kollaboratioun mam MNEK. De Song ass eng House-Nummer mam typeschen Joel-Corry-Piano, déi einfach gutt Laun mécht. Mam MNEK huet de Joel ee Singer-Songwriter un der Säit, dee scho fir e Grammy nominéiert war.

Fréier Hits
De Producer Joel Corry gouf eigentlech duerch seng fréier Bezéiung bekannt. An der MTV Reality-Serie "Geordie Shore" war hie bis 2013 mat senger deemoleger Frëndin Sophie Kasaei ze gesinn. 2 Joer méi spéit huet hien seng éischt 2 Lidder eraus bruecht. Ofgesi vun der Musek ass den Joel och soss gutt am Geschäft. Nieft sengem Musekslabel, huet hien ee "Personal Training Business" um Lafen, eng Fitness-App an hien huet een eegene Kleeder-Label.

Aussergewéinleches
Fir de Joel Corry leeft et de Moment ganz gutt. Net just, dass "Head & Heart" de Moment op Plaz 1 vun de UK-Charts ass, hie gëtt och als ee vun de beschte Producer vum Land bezeechent. Fir d'Single "Head & Heart" huet hien e Video produzéiert, dat de Konflikt tëscht Kapp an Häerz weist. Um Enn gëtt kloer: Am beschte schaffen déi 2 zesummen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dom Dolla, Jonas Blue, Dynoro

Lauschtert eran