Den neiséilännesche Museker as zréck mat enger weiderer Kollaboratioun

Fakten
Et ass scho krass wéi séier een haut iwwer TikTok berüümt  ka ginn. Awer net just berüümt, mee och erfollegräich. An dat bescht Beispill ass den Jawsh 685. Hien gouf mam Jason Derulo fir d'Single "Savage Love" richteg ofgefeiert, awer de Jawash huet schonn di nächst Nummer um Start, den Titel "Sweet & Sour" mam Lauv a mam Tyga.

Aussergewéinleches
Den Originalsong "Laxed (Siren Beat)", op deem den Jason Derulo/Jawsh Titel baséiert, huet eng weltwäit Beweegung ausgeléist. Milliounen TikTok-User hunn duerch dee Song de "Culture Dance" geléiert. "Laxed" war bis ewell a 67 Milliounen Tiktok-Video'en ze héieren, dorënner Video'en vu  Lizzo an Jessica Alba.

Fréier Hits
"Savage Love (Laxed – Siren Beat)" notéiert eng Milliard Streams weltwäit, krut Platin a war en Nummer-1-Hit a ville Länner.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, LunchMoney Lewis, Sean Paul

Lauschtert eran