Den amerikaneschen DJ a Museksproduzent Marshmello huet zesumme mat der Sängerin Demi Lovato eng nei Single eraus bruecht.

Fakten:
Den amerikaneschen DJ a Produzent Marshmello huet an der Vergaangenheet scho mam Halsey, Anne-Marie, Logic, Khalid, James Arthur a Bastille zesumme geschafft. Elo presentéiert hien eng Kollaboratioun mat der US-amerikanescher Sängerin Demi Lovato a Form vun der neier Single "OK Not To Be Ok".

Aussergewéinleches:
De Marshmello an d'Demi Lovato hu sech fir dës #MentalHealth-Hymne mam Titel "OK Not to Be OK" zesumme gedinn. De Song ass am Kader vum Weltdag vun der Suicidepreventioun fir d'Non-Profit-Organisatioun "Hope for the Day" eraus komm. 

 

Fréier Hits
De Marshmello huet sech bannent 3 Jor zu engem vun de bescht bezueltsten DJs vun der Welt gemausert. De Mann mam opfällegen Helm ass niewebäi och nach ee ganz erfollegräiche Produzent am Beräich EDM-Pop. Mat “Silence“  a “FRIENDS“ sinn dem Marshmello 2 grouss Hits gelongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Imagine Dragons, OneRepublic, Rita Ora