De Martin Garrix verëffentlecht ënnert dem Pseudonym Ytrem zesumme mam Elderbrook eng nei Single

Fakten
De Martin Garrix mellt sech zréck. Allerdéngs net als Martin Garrix an och net mat sengem typesche Sound! Ënner sengem neie Pseudonym "Ytram" mécht hien nämlech elo och Future-House. Resultat ass den Titel "Fire", woufir hie sech de Sänger a Produzent Elderbrook an d'Boot geholl huet.

Fréier Hits
Elderbrook ass spéitstens mat senge Vocals am Camelphat-Track „Cola“ bekannt ginn. De Club-Hit gouf souguer fir ee Grammy nominéiert. De Martin Garrix gouf mat Hits wéi "Animals", "Ocean" (feat. Khalid) an "In the Name of love (feat. Bebe Rexha) bekannt.

Aussergewéinleches
Déi 2 Kënschtler schaffe fir d'éischte Kéier zesummen. Alles huet sech via Instagram erginn. De Martin Garrix hat nämlech eng Story gepost, an där dem Elderbrook säin Track "Numb" ze héiere war. Den Elderbrook huet de Martin Garrix doropshin direkt ugeschriwwen an no enger Kollaboratioun gefrot.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hayden James, Disciples