Den amerikaneschen Newcomer huet mam Titel "Heather" elo säin éischten internationalen Hit

Fakten
No sengem Debütalbum "Kid Krow" vum Mäerz 2020 ass den 21 Joer ale Popstar Conan Gray zréck mat senger neier Single "Heather".

Fréier Hits
De Conan Gray ass een US-amerikanesche Videoblogger a Popmuseker. Mat sengem Debütalbum "Kid Krow" huet hien et 2020 direkt an d'Top 5 vun den US-Charts gepackt. Mam Albumsong "Heather" huet hien elo säi bis elo gréissten internationalen Charthit.

Aussergewéinleches
Bei senger neier Single gouf de Sänger vun engem Meedchen inspiréiert, an dat hie sech an der High School verléift hat, wat awer net déi selwecht Gefiller hat fir hien: "When I was in high school, I had a crush on the same one person all four years, but that one person did not love me back" Seng Flaam war an eng aner Persoun verléift: "Instead, my crush liked a girl named Heather. Heather was gentle and beautiful, inside and out. She was warm like a summer day and had so many friends. She was soft and so easily lovable– everything I am not".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Troye Sivan, Harry Styles, Lorde

Lauschtert eran