2 jonk talentéiert Rapper treffen openeen.

Fakten
De 24kGoldn kombinéiert a senge Lidder melodiéisen Hip Hop mat Pop-Punk Sounds. "Mood" knäppt vum Sound hir genee dorun un. Passend dozou, huet hie sech den Iann Dior als Feature geholl. De Rapper léisst nämlech, änlech wéi 24kGoldn, och gäre mol Pop-Punk a seng Musek afléissen. Kee Wonner, dass di 2 sou gutt harmonéieren.

Fréier Hits
Schonn zejoert hat den 24kGoldn bewisen wat hien drop huet. Mat "City Of Angels" huet de Rapper vu San Francisco e groussen Erfolleg gefeiert.

Aussergewéinleches
Am Song "Mood" geet et ëm toxesch Bezéiungen mat enger Persoun, déi stänneg hir Laun ännert a manipulativ ass. Mat Textzeile wéi "I ain't tryna tell you what to do, but try to play it cool / Baby, I ain't playing by your rules", probéieren d'Jonge sech dowéinst ze wieren a froen ëmmer nees "Why you always in a mood?".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Arizona Zervas, Trevor Daniel, Juice Wrld

Lauschtert eran