No "What's Love Got To Do With It?" ass den DJ Kygo zréck mat engem weidere Remake.

Fakten:
No sengen Hits mam Whitney Houston an Tina Turner huet den norwegeschen DJ Kygo di nächst Collaboratioun mat engem Mega-Star eraus bruecht. Dës Kéier huet hie sech un de Klassiker "Hot Stuff" vun der verstuerwener Disco-Queen Donna Summer gesat a bréngt elo seng eege Versioun vun dësem 1979er Hit eraus.

Fréier Hits:
De Kygo ass een norwegeschen DJ a Museksproduzent. Hie gehéiert zu de bekanntsten Interprete vum Tropical House. Zu sengen erfollegräichste Lidder gehéieren "Higher Love" Feat. Whitney Houston an"It Ain't Me" Feat. Selena Gomez. 

Aussergewéinleches:
De Kyrre Gørvell-Dahll ass ënnert sengem Kënschtlernumm Kygo ënnerwee. D'Aussprooch vu sengem Pseudonym gëtt souwuel an norwegescher (kyːɡuː), wéi och englescher Form (kaɪɡoʊ) gebraucht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Sam Feldt, Felix Jaehn

Lauschtert eran