Am Virfeld vum neien Album „Love Goes“ gëtt et vum Sam Smith déi extrem grooveg Single "Diamonds".

Fakten
No Lidder wéi "My Oasis" mat Burna Boy ass de Sam Smith zréck mat senger neier Single "Diamonds". Och hei geet et nees em Léift a grouss Gefiller. Den neie Song   bitt soulege Pop mat Disco- an House-Aflëss, a mécht Loscht op deen neien Album, deen nach dëst Joer kënnt.

Aussergewéinleches
No jorelaangem Eenheetsbräi bei prominente Männer, dem klasseschen Typ mat breede Schëlleren, Dräi-Tage-Baart an enger Affinitéit zu Fraen, Autoen a Fussball ass ee Museker wéi de Sam Smith eng wëllkommen Ofwiesslung. Hie mécht anere Männer, déi aus der Rei falen, Hoffnung a Courage. Et wier okay, anescht ze sinn, a Schwächt ze weisen, seet hien.

Fréier Hits
En éischten Nummer 1 Hit hat de Sam Smith am Joer 2014 mat "Money on My Mind". Mat "Stay With Me", "Lay Me Down", "Writing's on the Wall" aus dem Bond-Film, "Too Good at Goodbyes" a "Promises" mam Calvin Harris sollten him weider UK Nummer 1 Hits glécken.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Adele, James Arthur & John Legend

Lauschtert eran