De schwedeschen Duo Icona Pop ass zeréck mat engem richtege Party-Track!

Fakten:
Nodeems mir alleguer wochelaang doheem waren hu mir eng enorm Energie an eisem Kierper opgebaut déi nëmmen drop waart erausgelooss ze ginn. Wien hätt net mol erëm Loscht bis spéit an d'Nuecht danzen ze goen? Icona Pop liwwere mat hirer neier Single "Feels In My Body" elo de perfekte Soundtrack fir déi Explosioun un Emotiounen. E richtege Pop-Banger, deen nëmmen drop waart op den Dance-Floors ronderëm d'Welt gespillt ze ginn.

Aussergewéinleches:
À Propos Party - déi zwou Musekerinnen Aino Jawo a Caroline Hjelt hu sech 2009 op enger House-Party kennegeléiert an hunn zu ganz spéider Stonn decidéiert zesumme Musek ze maachen. An d'Confiance war vun Ufank un do: Nëmmen 2 Deeg no hirer Grënnung hunn Icona Pop direkt en Optrëtt gebucht an hunn innerhalb vu 4 Wochen eng Band opgebaut a 5 Lidder fäerdeggestallt. Aus enger Schnapsiddi sinn déi Zwee also zu engem vun deenen ugesotste schwedeschen Acts ginn.

Fréier Hits:
En éischte groussen Erfolleg konnten Icona Pop am Joer 2011 feieren. Zesumme mat Chiddy Band hate si de Song "Mind Your Manners" erausbruecht. 2012 ass du mat "I Love It" déi éischt eege Single vum Duo erauskomm. D'Lidd hat et an hirer Heemecht Schweden op d'Plaz 2 an den Charts gepackt an war duerch den Asaz an enger Coca-Cola-Reklamm och am Rescht vun Europa zu engem Hit avancéiert.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Charli XCX, Tove Lo, Alma & Zara Larsson

Lauschtert eran!