No "WHAT YOU GONNA DO???" zesumme mam Graham Coxon si Bastille zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
Bastille zéien op "survivin'" e ganz éierleche Bilan vun den Héichten an Déifte vun hirer 7-järeger Band-Karriär. Donieft schwätzt de Frontmann Dan Smith ganz oppen iwwert seng Panikattacken a Selbstzweifel. Hie wëll domat de Message verbreeden, datt een ophale soll esou ze maachen ewéi wann alles gutt wier, wann et engem eigentlech schlecht geet. 2020 wier dat Joer an deem ee ganz oppe mat senge Gefiller ëmgoe sollt, esou de Smith. Musikalesch iwwerzeegt déi nei Single duerch e ganz angeneemen a waarme Sound, Saxophon-Parts an en chillegen Drum-Loop - éischter ontypesch fir Bastille.

Aussergewéinleches:
Den Numm vun der Indie-Rock-Formatioun aus dem Londoner Süde kënnt iwweregens vum franséischen Nationalfeierdag. Dee gëtt an englesch-sproochege Länner nämlech "bastille day" genannt a well den Dan Smith op engem "14 juillet" am Joer 1986 gebuer ginn ass, huet hien decidéiert seng Band esou ze nennen.

Fréier Hits:
D'Single "Flaws" hat et 2012 op d'Plaz 21 an de UK-Singles-Charts gepackt. Am Joer duerno konnte Bastille du mat der Single "Pompeii" deen éischte ganz groussen Erfolleg feieren. De Song war ënnert anerem an hirer Heemecht Groussbritannien bis op d'Zwee geklommen.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Imagine Dragons, OneRepublic & Two Door Cinema Club

Lauschtert eran!