Den Justin Bieber ass zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
Déi nei Single ass dem Justin Bieber säin éischte Release zanter sengem Album "Changes" am Februar. An et wier gläichzäiteg den Ufank vun enger neier Ära, esou de Museker - eventuell mengt hie jo domat en neie Longplayer. De Song "Holy" handelt vum Bieber senger Léift fir seng Fra d'Hailey Baldwin. A sengem Part vermëttelt den Chance The Rapper de Message, datt een ni de Glawe verléieren an d'Liewe genéisse soll.

Aussergewéinleches:
"Holy" ass mëttlerweil schonn déi fënneft Kollaboratioun vum Justin Bieber a vum Chance The Rapper. Deen éischte gemeinsamen Track war "Confident" aus dem Joer 2013 - e Song dee bei de Kritiker immens gelueft gouf, mat Plaz 41 an den USA Chart-technesch awer en absolutte Flop war. Mol kucke wéi wäit déi aktuell Single et da wäert packen.

Fréier Hits:
Dem Justin Bieber seng Karriär huet mat Cover-Versiounen ugefaangen, déi hien als Teenager op YouTube eropgelueden hat. 2010 konnt hie mat "Baby" een éischte groussen Hit landen. Den Debüt-Album "My World 2.0" a seng "My World Tour" hunn aus dem Justin Bieber ee vun den ugesotste Pop-Stare gemaach

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Shawn Mendes, Zayn & Bruno Mars

Lauschtert eran!