D'Kylie Minogue ass zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
No "Say Something" am Juli huet d'Kylie Minogue mat "Magic" elo e weidere Virgeschmaach op säin neien Album "DISCO" erausbruecht. De Longplayer soll de 6. November erauskommen. Déi nei Single ass en Dance-Track, deen engem - virun allem a Kombinatioun mam Video - definitiv erëm Loscht gëtt d'Dance-Floors vun dëser Welt ze stiermen.

Aussergewéinleches:
D'Sängerin hat an deene leschte Jore mat enger Infektiounskrankheet ze kämpfen, duerch déi hatt och d'Tour zu sengem leschten Album "Golden" am Oktober 2018 huet missen ofbriechen. Virun allem awer duerch d'Bezéiung zu sengem Frënd Paul Salomon huet d'Kylie Minogue et fäerdeg bruecht sech erëm opzepäppelen an ass elo erëm voll motivéiert fir nei Projeten.

Fréier Hits:
D'Kylie Minogue ass an de spéiden 80er-Joren vum Soap-Star zu enger international erfollegräicher Pop-Sängerin an enger Stil-Ikon ginn. Seng éischt Single "Locomotion" konnt sech direkt fir 7 Wochen op der Eent an Australien halen, an och den Debut-Album "Kylie" (1988) gouf en internationalen Erfolleg. Doriwwer eraus gouf d'Minogue als éischt Fra mam "Music Industry Trust Award" ausgezeechent a vum Prënz Charles an den Order of the British Empire opgeholl. Am Laf vu senger Karriär huet d'Kënschtlerin bis elo 14 Studio-Alben erausbruecht.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Madonna, Sophie Ellis-Bexter, Janet Jackson & Gwen Stefani

Lauschtert eran!