No "Together" ass d'Sia zréck mat enger neier Single.

Fakten:
Mir sinn all frou mat eisem bloe Planéit, an awer maache mir en ëmmer méi futti. Dëse Widdersproch beschäftegt och d'Sia: "World, I want to leave you better / I want my life to matter / And I’m afraid I have no purpose here", séngt hatt a senger neier Single "Courage to Change".  De Courage ze hunn, eppes ze ännere fuerdert hatt. mee mam Bléck op di alldeeglech News verléiert hatt heiansdo  d'Hoffnung: "I’m afraid I have no purpose here".

Aussergewéinleches:
"Courage To Change“ ass Deel vun der grousser Tëlee-Campagne "CBS Salutes" an den USA, déi d'Bierger vum Land dozou oprifft wielen ze goen (am November sinn US-Presidentschaftswalen) an d'Black Lives Matter-Beweegung ënnerstëtzt. "Courage To Change" wäert och um nächsten Album vun der australescher Sängerin ze fanne sinn, deen Ufank vum nächste Joer eraus kënnt.

Fréier Hits:
D'Sia hat ënner anerem Hits wéi "Cheap Thrills", "Chandelier" oder och nach "Elastic Heart". Nieft senger Solocarrière gouf d'Sia och duerch seng Kollaboratioun mam David Guetta bekannt.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Adele, Birdy, Jessie J

Lauschtert eran