No verschiddene Kollaboratiounen ass den Elderbook zréck mat enger neier Single

Fakten
No Kollaboratioune mat Camelphat, Diplo oder Rudimental ass den Elderbook zréck mat senger neier Single "Back To My Bed". Anescht wéi vill vu senge Songs ass dem Elderbrook seng nei Single "Back To My Bed" ee liichten Elektropop-Song. Den Titel mam melancholeschen Ënnertoun passt perfekt an all Hierscht-Playlist. Wee Loscht op méi huet: Dem Elderbrook säin Album "Why Do We Shake In The Cold?" ass kierzlech eraus komm.

Fréier Hits
Elderbrook ass spéitstens mat senge Vocals am Camelphat-Track „Cola“ bekannt ginn. De Club-Hit gouf souguer fir ee Grammy nominéiert. Rudimental haten an der Vergaangenheet Hits wéi "Sun Comes Up" (feat. James Arthuer"), "These Days (feat. Jess Glynne, Macklemore & Dan Caplen)", "Lay It On Me" (feat. Ed Sheeran) an "These Days (feat. Jess Glynne).

Aussergewéinleches
Musikalesch beweegt den Elderbrook sech iergendwou tëscht alternativem Pop an Elektro.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hayden James, Disciples, Zhu

Lauschtert eran