Mat "Agreeable" packt et de Cautious Clay an d'Champions League vun de Songwriter. 

Fakten
Mat "Agreeable" ass dem 27 Joer alen amerikanesche Songwriter een Pop-Hit gelongen. Am Songtext geet et drëm , dass mir oft net un anere Perspektiven an un den Argumenter vun anere Mënschen interesséiert sinn.

Fréier Hits
De Cautious Clay wollt ëmmer scho Museker ginn. Als Kand huet hie Flütt gespillt, spéider huet hien d'Welt vum Blues an Jazz entdeckt. Haut beweegt sech seng Musek tëscht modernem R‘n‘B, Hip-Hop a Gittarmusek. Songwriter wéi den John Mayer hunn d'Talent vum Cautious Clay schonn erkannt. Den John Mayer ass och scho live mat him opgetrueden.

Aussergewéinleches
Mat senger Musek huet de Cautious Clay schonn d'Taylor Swift inspiréiert! Ausserdeem huet hien een offizielle Remix vum Billie Eilish Song "Ocean Eyes" produzéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Khalid, Tom Misch, Jordan Rakei

Lauschtert eran