De brasilianesche Superstar-DJ Alok huet sech mam türkeschen Produzent Ilkay Sencan a mat der Sängerin Tove Lo zesumme gedinn.

Fakten
Den Dj Alok liwwert mam Tove Lo a mam Ilkay een neien Dancefloor Hit. Et ass déi éischt Kollaboratioun vun deenen 3 Kënschtler. Dem Tove Lo seng euphoresch Vocals dominéieren de Song a leeë sech iwwert dem Alok an Ilkay hir fein strukturéiert Beats.

Fréier Hits
Den Alok an den Tove Lo wësse, wéi ee rekordverdächteg Singele produzéiert an notéieren alle béid jeeweils e puer Milliarden Streams iwwerdeems den Ilkay 200 Millioune YouTube-Views registréiert.

Aussergewéinleches
Am Fréijoer hunn di 3 Museker parallel zu L.A., São Paulo an Istanbul um Lidd geschafft. Et war eng vun de produktiivsten Saachen, déi hie wärend dem Lockdown gemaach huet, seet den Alok.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz, Sam Feldt

Lauschtert eran