Den hollännesche Museker ass zréck mat senger neier Single "The Business".

Fakten
"The Washington Post" beschreift hien als "beschten DJ op der Welt", "Billboard" huet hien op den Numm "The Godfather of EDM" gedeeft. Den Hollänner Tiesto gehéiert zanter 2 Joerzéngten zu de ganz grousse Stare vun der Seene. Hien huet mat deene gréisste Kënschtler zesumme geschafft, a gouf esouguer mat engem Grammy ausgezeechent. Elo huet den Tiesto sech zréck gemellt mat senger neier Single "The Business". De clubbeg-atmosphäresche, liicht düstere Song beschäftegt sech mat enger komplizéierter Situatioun, aus där et just een Auswee schéint ze ginn. D'nächst Joer soll dem Tiesto säin 8. Album eraus kommen.

Aussergewéinlexches
Den Tiesto huet sech am Alter vun 8 Joer schonns Intresséiert fir DJ ze sinn.2000 am Alter vun 31 Joer huet hien säin Duerchbroch gefeiert,an gelt zënter hier als een vun deenen wichtegsten DJ`en Weltwäit. Den Tijs Michiel Verwest wei den Tiesto richteg heescht, ass fir vill Museker an aner DJ`en eng Art Mentor.

Fréier Hits
Den Tiësto gehéiert mëttlerweil schonn zu de ganz groussen DJen aus der engleschsproocheger Musekszeene. 2000 konnt hien den Duerchbroch mat senger Remixversion zu "Silence" vun Delerium feieren. Am Fréisummer huet hie mam Rita Ora an Jonas Blue de gigantesche Summerhit "Ritual" geliwwert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Martin Garrix, Calvin Harris, Avicii

Lauschtert eran