Haut presentéiere mir Iech eng weider däitsch Kollaboratioun!

Fakten:
An engem Interview huet de Mark Forster bekannt ginn, datt hie scho méi laang e grousse Fan vum däitsche Museks-Projet VIZE wier an dofir och onbedéngt mat hinnen zesummeschaffe wollt. Am Lidd "Bist du Okay" iwwerzeegt den däitsche Sänger mat sengen typeschen Däitschpop-Vocals, déi engem virun allem duerch de Refrain am Ouer bleiwen. Déi zwee Museker vu VIZE steieren hire beléiften Dance-/House-Sound bäi. Den Text kënnt allerdéngs e bëssen iwwerraschend. Anescht ewéi ee bei deene wuchtegen Instrumentals erwaarde kéint, sinn d'Lyrics nämlech relativ nodenklech an déifgrënneg. "Bist du Okay" riicht seng un eng Persoun, déi ënnerlech schonn opginn huet, awer probéiert hir Emotiounen no baussen ze verstoppen an hire Kummer mat Droge verschafft. De Mark Forster freet no hirem Wuelbefannen a sprécht hir Mutt zou.

Aussergewéinleches:
Och wann een op deen éischte Moment vläicht denkt, datt e Lidd vum Mark Forster zesumme mat engem Dance-Act net richteg funktionéiere géif, gouf et dat an der Vergaangenheet schonn eng Kéier. 2015 hat de Forster sech mat deem deemools nach onerfuerenen DJ Felix Jaehn zesummegedoen an den Track "Stimme" erausbruecht. An d'Zil mat "Bist du Okay" ass dat selwecht ewéi deemools, "Stimme" hat et viru 5 Joer nämlech op d'Plaz 1 an den Charts gepackt.

Fréier Hits:
Et gëtt wuel keen däitschen Act, deen aktuell esou ugesot ass ewéi VIZE. De Mario Fiebiger an de Vitali Zestovskih konnte virun 2 Joer mat "Glad You Came" eng éischte Kéier op sech opmierksam maachen, zanterhier hu si eng ganz Partie Kollaboratioune mat groussen Nimm opzeweisen: "Rather Be You" mam Tom Gregory, "Far Away From Home" mam Sam Feldt a ganz rezent "Lissabon" mam Philipp Dittberner.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz & Alle Farben

Lauschtert eran!