Mat "Wonder" presentéiert de Shawn Mendes d'Leadsingle aus sengem neien Album.

Fakten
No jorelaange Concertstouren huet de Shawn Mendes sech an de leschte Méint a säi Studio zréck gezunn an un engem neien Album geschafft. Mam Titel "Wonder" huet hien déi éischt Single doraus presentéiert. Den Album kënnt de 4. Dezember eraus.

Aussergewéinlches:
De Shawn Mendes hat virdrun Hits wéi "Stitches", "Treat You Better" an "In My Blood".

Fréier Hits
Gréisstendeels ouni Ënnerstëtzung vun de Medien huet de Shawn Mendes sech eng grouss Fangemeinschaft am Internet geséchert a bei Vine 3,8 Milliounen Fans erreecht. Säin éischte Song am Joer 2014, den Titel "Life of the Party", gouf deen am meeschte gedeelte Song vun der Woch bei Twitter an huet et och an di offiziell Charts gepackt. An de Billboard Hot 100 huet de Shawn Mendes Plaz 24 erreecht a a war dee jéngsten Interpret, dee sech mat senger Debütsingle sou héich plazéieren konnt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Puth, Justin Bieber, Zayn

Lauschtert eran