D'Julia Michaels presentéiert mat der neier Single "Lie Like This" den éischten Avant-Goût vu sengem Debütalbum. 

Fakten
Di amerikanesch Sängerin a Songwriterin Julia Michaels huet eng nei Single mam Titel "Lie Like This" eraus bruecht. Den Track ass deen éischte Virgeschmaach op deen neien Album, fir deen et nach kee Release-Datum gëtt. Mat "Lie Like This" liwwert eis d'US-Amerikanerin ee fetzegen Disco-Pop-Track.

Aussergewéinleches
Thematesch handelt den neie Song vun der Angscht, eng nei Bezéiung unzefänken, wann d'Wonne vun der leschter Bezéiung nach net ganz verheelt sinn.

Fréier Hits
D'Julia Michaels huet schonn Hits fir Justin Bieber ("Sorry"), Selena Gomez ("Good For You"), Britney Spears ("Slumber Party") oder Hailee Steinfeld ("Love Myself") geschriwwen.  Seng eege Single "Issues" huet et 2017 an den USA bis un d'Spëtzt vun den US-Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hailee Steinfeld, Dua Lipa, Alma

Lauschtert eran