D'Ella Henderson ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten:
"Dream On Me" ass eng Nummer bei där een einfach danze muss. D'Ella Henderson selwer schreift dozou: "Et war ee lächerleche Summer fir eis alleguer, ech hoffe mat deem neie Song kann ech iech zum danze bréngen an dir kënnt iech äre Léifsten doduerch méi no fillen." "Dream On Me" baséiert um Roger Sanchez sengem Hit "Another Chance", deen am Joer 2001 domat un der Spëtzt vun den US-Singles-Charts stoung. D'Kombinatioun vum Ella senger kraftvoller an awer och doucer Stëmm zesumme mat den Elementer vum 2001er-Hit maachen den Track perfekt.

Aussergewéinleches:
D'Geschicht wéi "Dream On Me" enstanen ass, ass relativ witzeg: Fir an de Summer-Feeling ze kommen hat d'Sängerin nämlech eng Playlist mat alen Dance-Hits lafen. Dorënner war dann ebe ganz zoufälleg och "Another Chance" vum DJ Roger Sanchez. Dem Ella Henderson huet d'Melodie vum Lidd gefall an huet direkt e puer Deeg drop eng eege Versioun vum Lidd opgeholl. Well him awer trotzdeem nach ëmmer eppes um Song gefeelt huet, huet d'Londonerin kuerzerhand einfach de Sanchez héchstperséinlech kontaktéiert an hie gefrot, ob hien net Loscht hätt d'Lidd mat him zesummen fäerdeg ze stellen. Gott sei Dank huet den DJ sech als Ella-Henderson-Fan erausgestallt an erauskomm ass "Dream On Me".

Fréier Hits:
D'Ella Henderson, dat mat biergerlechem Numm Gabriella Michelle Henderson heescht, gouf 2012 duerch seng Participatioun bei der brittescher Versioun vun "X-Factor" bekannt. D'Sängerin huet d'Show zwar net gewonnen, huet doduerch am selwechte Joer awer e Placke-Kontrakt bei Sony Music ugebuede krut an deen natierlech ënnerschriwwen. 2014 huet d'Henderson mat senger Debut-Single "Ghost" weltwäiten Erfolleg gefeiert an hat esouguer d'Plaz 1 an de UK-Charts erreecht.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Anne-Marie, Becky Hill & Jasmine Thompson

Lauschtert eran!