Nom groussen Hit "Never let Me Down" zesumme mam Tom Gregory sinn VIZE zréck mat enger weiderer Kollaboratioun

Fakten
Den däitschen House-Duo VIZE huet sech an de leschte Méint mat Lidder wéi "Close Your Eyes", "Thank You [Not So Bad]" an "Never Let Me Down" en Numm gemaach. Ausserdeem krute si fir eng Zesummenaarbecht mam däitsche Rapper Capital Bra Opmierksamkeet. De gemeinsamen Track “Baby" huet op Spotify iwwer 50 Millioune Streams notéiert.  Elo hu VIZE a Capital Bra sech nees zesumme gedinn. Am Géigesaz zum Virgänger ass de Capital Bra bei "Paradise" awer net fir de ganze Gesang verantwortlech. Ee groussen Deel vun de Vocals iwwerhëlt d'Sängerin Leony.

Fréier Hits
Méi wéi 25 Millioune Stream- a Videoopriff fir „Glad You Came“ , grad wéi eng Top 50 Placéierung an den däitschen Airplay Charts schwätzen eng eendeiteg Sprooch: de Projet "VIZE" ass bannent kuerzer Zäit zum Shooting-Star ënnert den däitschen DJen avancéiert.

Aussergewéinleches
Nieft e sëlleche Concerten ass den DJ-Duo och op ville Festivaller ze gesinn- wéi den Airbeat One, oder de Sputnik Springbreak. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Meduza. Alle Farben, Dynoro

Lauschtert eran