Op der Single "Baby, I'm Jealous" melle sech gläich zwou Power-Fraen zu Wuert.

Fakten
D'Bebe Rexha ass zréck mat sengem éischte Lidd fir 2020  – an deen huet eng ganz relevant Thematik: "Baby, I’m Jealous" handelt vun den Onsécherheeten vum Liewen am digitalen Zäitalter an den domat verbonnene Gefiller wéi Jalousie, Roserei an a Selbstzweiwel. De Song ass awer net düster an nodenklech, mee funky, spilleresch a selbstbewosst, zousätzlech verstäerkt duerch d'Kollaboratioun mat der Rapperin Doja Cat.

Aussergewéinleches:
Viru senger Carrière als Musekerin, hunn d'Bebe Rexha fir aner Stare Lidder geschriwwen. Den Eminem a Rihanna Song "The Monster" gouf vum Bebe Rexha matgeschriwwen. De Song huet e Grammy Award gewonnen.

Fréier Hits
"Meant to Be" zesumme mat de Country Museker vu Florida Georgia Line huet et op d'Plaz 2 vun de US Single Charts gepackt an an den Hot Country Charts esou guer e neie Rekord opgestallt mat 27. Wochen un der Spëtz. An och scho virdrun ass d'Musekerin mat Collaboratiounen erfollegräich gewiescht, e.a mam G-Eazy a "Me, Myself & I".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zara Larsson, Rita Ora & Halsey

Lauschtert eran