Den amerikaneschen Indiepop-Trio ass zréck mat enger neier Single.

Fakten
No Hits wéi "Sober Up" zesumme mam Rivers Cuomo a "Weak" sinn di 3 New Yorker Bridder zréck mat enger neier Single. "Bang" handelt vun där Period am Liewen, wou ee vun engem Kand zu engem Erwuessene gëtt. Et mécht ee schonn alles, wat Erwuessener och maachen, mee et fillt ee sech awer nach net erwuessen.

Aussergewéinleches:
Di 3 Bridder vun AJR hunn 2007 ugefaange, zesumme Musek ze maachen. Spéider sinn si mat Coversongs als Stroossemuseker opgetrueden. Si hunn op Twitter all méiglech Staren ugeschriwwen. Opmierksam gouf di australesche Sängerin  Sia, dat AJR bei engem australesche Label ënnerbruecht huet.

Fréier Hits
2017 konnten AJR mam Titel "Weak" a ganz Europa d'Charts stiermen. Si hunn ënner anerem Plaz 39 an Däitschland a Plaz 58 an de britteschen Charts erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
American Authors, Twenty One Pilots, X Ambassadors

Lauschtert eran