Mat senger Single "Fake Fine" mécht de Robert Grace sech grad bekannt.  

Fakten
De Robert Grace ass ee Museker, Songwriter a Produzent aus Irland.

Aussergewéinleches:
De Song handelt dovun, sou ze maache, wéi wann et engem gutt geet, obwuel dat guer net de Fall ass”, seet de Robert. "Wann alles iergendwéi opgesat ass. D'Situatioun selwer ass vläicht guer net sou schlëmm, awer trotzdeem stëmmt aus iergendengem Grond eppes net." Een Thema, mat den iresche Museker definitiv de Geescht vun dësen Deeg afänkt. Hie séngt vum diffuse Gefill, nieft sech ze stoen. Iergendwéi falsch am eegene Film ze sinn a sech hannert enger Mask ze verstoppen, fir sech reell Emotiounen net ze verroden. Woubäi Maske jo bekanntlech grad an dësen Zäiten eng ganz besonnesch Roll spillen.

Fréier Hits
"Fake Fine" huet Plaz 1 vun de Spotify-Viral-Charts a senger irescher Heemecht erreecht, a Plaz 33 vun den ireschen Airplay-Charts. Och op TikTok as de Song extrem beléift a huet och scho seng eegen Challenge: Déi ënner #fakefinechallenge opgelëschte Videoclips hu schonn iwwer 3 Milliounen Opriff notéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Twenty One Pilots, Nico Santos, Twocolors

Lauschtert eran