Den däitsche Sänger Roosevelt ass zréck mat enger neier Single

Fakten
Den däitsche Sänger, Songwriter a Museksproduzent Roosevelt ass zréck mat senger neier Single "Feels Right". Mat "Feels Right" geléngt him ee verdreemte funky Gutt Laun-Song. Mat der neier Single huet de Roosevelt och säin 3. Studioalbum "Polydans" ugekënnegt, deen am Februar 2021 op de Maart komme soll. Um neie Longplayer sollen och di zwou bekannte Singelen "Sign" an "Echoes" enthale sinn. An engem Statement zum neien Album sot de Roosevelt, dass den neien Album eng Aart Libesbréif un di elektronesch Danzmusek ass.

Aussergewéinleches
Beim Marius Lauber alias Roosevelt ass et scho viru sengem Soloprojet gutt gelaf. Mat senger Band "Beat!Beat!Beat!" war hie ganz erfollegräich. Dono gouf hie mat sengem Solo-Elektroprojet Roosevelt international bekannt.

Fréier Hits
Mat senger éischter EP "Elliot" aus dem Joer 2013 hu grouss Plattformen wéi Pitchfork de Sänger entdeckt. Mat sengem Debütalbum vun 2016 goufen och di däitsch Medien op hien opmierksam.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Empire of the Sun, Capital Cities