De Rea Garvey presentéiert en éischten Avant-Goût vu sengem neien Album HY BRASIL

Fakten:
"Talk To Your Body" ass déi éischt Singleauskopplung aus dem Rea Garvey sengem 5. Soloalbum HY BRASIL, deen den 13. November eraus kënnt. D'Iddee fir "Talk To Your Body", hat de Rea Garvey op enger vu senge Reesen. Nuets eleng am Hotelszëmmer ze sinn, a sech näischt méi ze wënschen, wéi "like a superhero" bei eng geléifte Persoun un dat anert Enn vun der Welt ze fléien. Wéi de Museker seet, huele mir déi wäertvoll Persounen oder Saachen oft fir vill ze selbstverständlech an eisem Liewen. Säi Song géing dovun handelen, aus dësem Kreeslaf auszebriechen an nees ze realiséieren, wat fir eng Bedeitung dat, wat mir gären hunn, fir eis wierklech huet."

Aussergewéinleches
De Rea Garvey war bis 2010 Sänger, Gitarrist a Frontmann vun der däitscher Band Reamonn.Elo ass hien Solo ënnerwee. Hien schafft awer och ëmmer nees mat anere Museker zesummen als  Songwriter a Sänger. 2006 huet hien zb zeusmme mam Nelly Furtado den Nr.1-Hit All Good Things (Come to an End) opgeholl.

Fréier Hits
De Rea Garvey hat Succès mat Lidder wéi "Can't stand the silence" (2007) an "Wild love" (2012), ausserdeem mat Reamonn Hits wéi "Star (2003) an "Supergirl" (2000)

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Reamonn, Stanfour, Sunrise Avenue

Lauschtert eran