De 220 Kid ass zréck mat enger neier Deep House Single

Fakten:
Quarantän a Lockdown maachen et de Moment schwéier, Party ze feieren. De 220 Kid huet trotzdeem decidéiert, dass et e gudde Moment wier, de Party Hit "Too Many Nights" elo eraus ze bréngen. Et ass ee Lidd wou et drëm geet, een neie Start ze woen an seng Dreem ze realiséieren.

Aussergewéinleches
"Wéi koum hien eigentlech op säi Bandnumm?" Den 220 Kid huet sech den Numm ginn, nodeems hien 220 Meile fir de gudden Zweck gerannt ass. Nodeems säin Pätter gestuerwen ass, hat hien decidéiert, dëse Laf mat ze maachen.

Fréier Hits
Den 220 Kid huet ënner eegenem Numm nach net vill Lidder eraus bruecht. An der Musekszeene ass hie ville Kënschtler awer scho laang e Begrëff. An de leschten 2  Joer huet de 220 Kid mat Staren zesumme geschafft wéi Dua Lipa, P!nk oder Beyonce.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Joel Corry, Jax Jones, Loud Luxury

Lauschtert eran