No "Alane" ass de Robin Schulz zréck mat engem neien Hit

Fakten
De Robin Schulz an di schwedesch Singer-Songwriterin Kiddo liwweren eng nei Kollaboratioun "All We Got". De Song fänkt d'Essenz dovun an, wéi sech dat alldeeglecht Liewen an dësen Deeg ufillt.

Aussergewéinleches
De Robin Schulz huet ënnert dem Numm "Mentalo Music" säin eegene Label gegrënnt. Domat geet fir hien een Dram an Erfëllung. "Oxygen" ass déi éischt Verëffentlechung um Label. Do wëllt den däitsche Produzent awer net seng eege Musek eraus bréngen, mee och Newcomer ënner Kontrakt huelen.

Fréier Hits
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs

Lauschtert eran