Den JC Stewart presentéiert seng 2. Single fir dëst Joer: Am Titel "I Need You To Hate Me" séngt hien iwwer eng al Bezéiung.

Fakten
Ob mat Tracks wéi "Have You Had Enough Wine?" oder zulescht "Lying That You Love Me" – beim 23 Joer ale Museker dréit sech alles ëm  Bezéiungen. Dobäi dierfen emotional Lyrics net feelen! A senger neier Single "I Need You To Hate Me" geet et ëm seng al Bezéiung, déi iergendwann eng Sakgaass war an aus där hie just een Auswee gesinn huet: Wa seng Ex hien haasse géif. Sou séngt hien am Refrain: "I need you to hate me / Say it to my face I'll go".

Aussergewéinleches
De Sänger huet de Spëtznumm "Professional Sadboy", vu senger Schwëster kritt. De Grond: Sou nennt een ee Mann, deen alles ronderëm Bezéiungen erfuerscht- vun der éischter Verléiftheet bis zum Schmäerz vun engem gebrachene Häerz.

Fréier Hits
Trotz senge komplizéierte Break-Ups kéint et op mannst musikalesch beim JC Stewart net besser lafen. An de leschte Méint huet dee jonke Kënschtler aus Irland scho mat Produzenten a Songwriter wéi Fred Ball oder Justin Parker zesumme geschafft. Dee schreift och Lidder fir d'Lana Del Rey. Och den JC selwer ass ee gefrote Songwriter fir aner Kënschtler an huet ënner anerem um Hit "Hollywood" vum Lewis Capaldi matgeschriwwen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zoe Wees, Gavin James, Dermot Kennedy

Lauschtert eran