D'Lana Del Rey ass zréck mat engem neie Lidd

Fakten:
No hirem leschten Album "Norman Fucking Rockwell" vun 2019 ass et ronderëm d'Lana Del Rey musikalesch méi roueg ginn. Elo ass hatt awer zréck mat der neier Single "Let Me Love You Like A Woman". Et ass déi éischt Single aus sengem neien Album.

Aussergewéinleches
D'Lana Del Rey huet an a senge Lidder oft säi perséinlechen amerikaneschen Dram thematiséiert. Op Concerten huet hatt op der Bün oft den amerikanesche Fändel op sengem Screen ageblent. Säit den Donald Trump President vun den USA ass, huet hatt domat awer opgehalen.

Fréier Hits
Bekannt gouf d'Lana del Rey mat Lidder wéi "Video Games" an "Summertime Sadness".

Lauschtert eran