"You Broke Me First" ass ee Message u säin Ex

Fakten
An dësem Song rechent d'Tate äiskal mat sengem Exfrënd of, nodeems hien him friem gaangen ass an elo bei hatt zréck wëllt. "Now suddenly you're asking for it back /Could you tell me, where'd you get the nerve?" séngt hatt am Refrain. !ënnerluecht mat düsteren Dubstep-Elementer ass de Song souwuel inhaltlech wéi och musikalesch een Hit.

Aussergewéinleches:
D'Tate McRae ass ee richtegt Multi-Talent. Nieft dem Sangen, danzt hatt nämlech och schonn zimmlech laang. Mat 13 Joer huet hatt souguer di 13. Plaz an der US-Show "So You Think You Can Dance" beluecht. Op sengem Instagram-Account post hatt och nach reegelméisseg Danz-Videoe vu sech.

Fréier Hits
Di kanadesch Sängerin ass dëst Joer als Newcomerin duerchgestart. Nodeems hatt 2019 vum New Yorker Label RCA Record ënner Kontrakt geholl gouf, huet hatt dëst Joer seng éischt EP "All the Things I Never Said" eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lauv, Shawn Mendes, Dean Lewis