D'Dua Lipa ass zréck mat enger neier Kollaboratioun.

Fakten
Mam Album "Future Nostalgia" huet d'Dua Lipa weltwäit d'Charts gestiermt.  Elo huet hatt seng nei Single "Fever" presentéiert, déi zesumme mat der belscher Sängerin Angèle erstanen ass. "Fever" ass op der Deluxe Editioun vum Album "Future Nostalgia" ze fannen.

Aussergewéinleches:
Mat 15 ass d'Dua Lipa eleng op London geplënnert an huet als Model a Serveuse geschafft. Niewebäi huet hatt Coversongs op Youtube gepost. Säi Style nennt hatt gären „Dark Pop“.

Fréier Hits
Singele wéi "Be The One" an "Hotter Than Hell"  hunn d'Dua Lipa bekannt gemaach. D'Angèle krut 2018 mat sengem Debutalbum éischt Opmierksamkeet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Zara Larsson, Lorde

Lauschtert eran