No "Death Bed" ass di brittesch Sängerin zréck mat enger neier Single

Fakten:
Mëtt  Oktober huet di brittesch Sängerin hiren Debüt-Album "Fake It Flowers" eraus bruecht. Di nei Single "Worth It" steet fir den iwwerraschende Sound, deen een um ganzen Album erëm fënnt. Am Titel "In 'Worth It" geet et ëm Teenager déi ontrei sinn a Feeler maachen am Liewen. Et ass e bëssen ee Bekenntnislidd, awer och ee Verständnis dofir, dass et een Deel vum Liewen ass. 

Aussergewéinleches:
Mat "Worth It" bréngt d'Beabadoobee de Pop-Punk-Sound aus den 00er-Joren zréck a kombinéiert dëse Sound mat sengen eegene Gesangsmelodien. Am Internet gëtt säi Sound als "Bubblegum Grunge" bezeechent.

Fréier Hits
Ufank 2020 hat d'Beabadoobee zeusmme mam Rapper Powfu en Hit mam Titel "Death Bed". "Death Bed" gouf iwwert d'Videoplattform TikTok verbreet an sou engem grousse Public bekannt. "Death Bed" notéiert iwwer 5 Millioune Streams op SoundCloud. Op YouTube gouf et méi wéi 24 Millioune Mol gekuckt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lana Del  Rey, Tove Lo, Lorde

Lauschtert eran