De "Yungblud" ass zréck mat der neier Single "Cotton Candy"

Fakten
Den Dominic Harrison alias "Yungblud" huet mam Titel "Cotton Candy" ee weideren Extrait aus senger neier EP "a weird! af halloween" presentéiert. Am Titel "Cotton Candy" thematiséiert de Yungblud säi Sexualliewen. Doriwwer ze schwätzen, huet fir hien eng grouss Bedeitung. Well déi Relatioun, déi hie mat deene verschiddene Mënschen huet, wierkt op hien wéi ee Befreiungsschlag.

Aussergewéinleches
Eng Welttournée wärend enger Pandemie geet natierlech net. Mee de Yungblud huet sech fir seng Fans eppes ganz Besonnesches ausgeduecht. Soubal säin Album "Weird!" eraus kënnt, geet hien op eng weltwäit Streaming-Tour a spillt all Dag Concerte fir all Stad, an déi hien op senger geplangter Tour hätt solle reesen. De Publikum steet elo also net virun der Bün, mee bleift doheem virum Fernseh oder dem Laptop .

Fréier Hits
Mat sengem Debütalbum „21st Century Liability“ vun 2018 huet deen 21 Joer alen Yungblud alias Dominic Harrison sech bekannt gemaach.  Säi séiere Gesang erënnert un den Jamie T., säi briteschen Accent un d'Arctic Monkeys, a seng Energie un The Clash.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Wombats, Walk The Moon, Maximo Park