Alligatoah a Sido verëffentlechen  iwwerraschend eng gemeinsam Single 

Fakten:
Den Alligatoah an de Sido si schonn zanter enger Zäit net méi aus der  däitschsproocheger Rapzeen ewech ze denken. Elo hu si di gemeinsam Single "Monet" eraus bruecht- ganz iwwerraschend an ouni Promo.

Aussergewéinleches:
Am Songtext zu "Monet" erzielen di 2 Kënschtler vun hirem onwarscheinlechen Erfolleg, si schwammen am Geld a loosse sech duerch d'Géigend droen. D'Ironie ass am Song net z'iwwerhéieren, och wann een hinnen a ville Punkte kann zoustëmmen. 

Fréier Hits
Den Alligatoah huet viru 15 Joer seng Karriäre ugefaange mat sengem Debütalbum "ATTNTAAT" . Mat Hits wéi "Du bist schön" oder "Lungenflügel" gouf hie gefeiert. Och de Sido huet sech an de leschte 15 Joer eng riseg Fangemeinschaft opgebaut an e sëllege Songs wéi  "Bilder im Kopf"  an "Augen auf" eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kontra K, Genetikk, Marteria

Lauschtert eran